D'European Money Week am LTEtt!

Am Kader vun der European Money Week, hate mir d’Éier den Här Krecké vun der Spuerkeess bei eis am LTEtt begréissen ze kënnen. Wärend engem Workshop vun 2 Stonnen, huet hien eise SchülerInnen vun all de 4GCMP-Klassen e kuerzen Abléck an déi wichtegst Theemen aus dem Finanzsecteur kënne ginn. Ob et sech elo iwwert Investissementer, Prêten, oder ëm d’Zukunft no der Schoul gehandelt huet, hunn d’Schüler ganz interesséiert nogelauschtert an hir Froen un een Expert aus deem Domaine kënne stellen. Ee grousse Merci un den Här Krecké fir seng Zäit a Bereetschaft!

Skip to content