Eist Departement aus der Mécanique hat Besuch aus Schweden!

Am Kader vun engem Erasmus-Projet hirersäits, waren dräi Studentinnen aus Schweden vum 2. bis 6. Dezember an eisem Departement vun der Mécanique op Besuch. D’Astrid, d’Lisa an d’Majken maachen eng zweejäreg beruffsbegleedend Ausbildung zum “Forestry and Work Horse Entrepreneur” am Ausbildungszentrum vu Wången a Schweden. Am Kader vun engem Stage zu Maschinnebau, wou si selwer bannent zéng Deeg verschidde Maschinnendeeler entwerfen, hierstellen an zesummebaue missten, konnten si esou besonnesch vun der CAD-Technik am LTEtt profitéieren a sech mat de GIG- a GSE-Sektiounen austauschen. Éier déi dräi sech erëm op de Wee zréck an de Norde gemaach hunn, stoungen och nach e puer kulturell Visitten um Programm. Well Schweden scho ganz fréi a sengem Schoulsystem op projetsorientéierten Unterrecht sëtzt, grad wéi dat och a villen Ausbildungen am LTEtt de Fall ass, si weider Echangë fir 2025 scho geplangt.

Skip to content