Mat Schoulklasse vun de Formatiounen „Technicien Smart Technologies“, „DAP Electronicien en énergie“ an „DAP Electricien“ konnte mer d’CREOS op Merl besichtege goen. Sie hunn eis Beruffer vum Techniker a vum Elektriker bei der CREOS am Kader vun ënnerschiddlechen Atelieren presentéiert. Dëst war immens interessant a konnt de Schülerinnen a Schüler e gutt Bild vun de méiglechen Aarbechtsplaz am Betrib ginn. Der CREOS villmools Merci fir déi interessant Visitt um Site zu Merl.
Hei e puer Andréck:
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy