Am November haten d’Studente vum BTS „entreprise et développement durable“ d’Chance eng ganz flott Visitt vun der SES (Syndicat des Eaux du Sud) ze kréien. Den Luc Berens huet eis als éischt eng theoretesch Aféierung an d’Thema Drénkwaasser zu Lëtzebuerg um Haaptsëtz bei der Pompelstatioun zu Käerch ugebueden. Dono duerfte mir duerch eng gepanzert Dier direkt an eng Quellfaassung erakucken. Fir ofzeschléissen, si mir dem Waasser no Richtung Réibierg gefuer, fir do am risege Waasserbehälter bis uewen an d’Spëtzt ze klammen a kruten en aussergewéinleche Panoramabléck iwwert eist Land gebueden.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy