Och dëst Joer huet den traditionelle Wantermaart am LTEtt stattfonnt an et war wéi all Joer ee ganz flotte Rendez-vous!
Et goufe vill lecker Saachen ugebueden, waarm a kal, d’Schüler*Innen hate sech rëm vill Méi ginn alles selwer ze preparéieren an och u Kreativitéit huet et hinnen net gefeelt! Vun selwergemaache Bijouen, Crèmen, Buedaccessoiren a Käerzen iwwer personaliséiert Tasen, Chrëschtbullen a Puzzelen bis zu interaktive Spiller war alles vertrueden an et koum keng Langweil op. Et war eng lass op eisem Wantermaart a mir soen all deene Bedeelegten ee grousse Merci fir hiert Engagement a freeën eis elo schonn op d’Editioun 2026!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy