Am Kader vum Projet "Transformative Pädagogik in Zeiten der Digitalität":

Du interesséierst dech fir den Asaz vun digitalen Tools am Unterrecht, mä bass dir net ëmmer sécher wéi een se pädagogesch sënnvoll kann notzen? Oder Du hues schonn vill Erfarung mat innovativen Unterrechtsmethoden a géifs dat gären an engem geschützte Kader deelen? Dann as dës Formatioun genee richteg fir Dech.  

 

Säit der Rentrée 2024-25 schafft de SCRIPT um Projet “Transformative Pädagogik in Zeiten der Digitalität”. D’Zil vum Projet ass et der (digitaler) Transformatioun op d’Spuer ze kommen. Wou gëtt et se schonn, wou (nach) net a wat brauchen d’Enseignanten fir se ëmzesetzen?

Mä wat genee ass transformativ Pädagogik? Maachen mir dat net souwisou schonn all? Sinn déi nei digital Outilen eng Hëllef oder en Hindernis? Wéi vill digital brauch et fir transformativ se sinn? An dësem Seminaire wäerte mir äis mat dëser Thematik ausernee setzen an äis iwwert äis aktuell Praxis austauschen. Wéi transformativ si mir wierklech? Wéi eng Hindernisser begéinen ech am Schoulalldag a wéi eng Erfollegsfaktoren ginn et?

 

Schreiw Dech hei an: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/291218 !