Am Kader vum Fach “GEPRO – S’initier à la planification de projets”, hu 6 Schüler vun der 1TPCM2 sech entscheet duerch hire Premières-Projet Spende fir d’Stëmm vun der Strooss ze sammelen.

Duerch déi, ënner anerem corona-bedéngt, schwéier Zäiten, hu vill Leit hiren Daach iwwert dem Kapp verluer. Fir hiren Deel dozou bäi ze droe fir dës Leit ze ënnerstëtzen an deene Leit ze weisen, datt si net eleng sinn, huet sech dëse Grupp am November op Hollerech bei d’Stëmm vun der Strooss begi fir sech e klengen Abléck an hier Aarbecht ze verschafen.

Am Januar hunn si ee Spendenopruff un déi ganz Schoulcommunautéit adresséiert an zesumme konnten si méi wéi 30 grouss Tuten a Këschten Hygiènesartikelen, Decken a Kleeder un d’Stëmm vun der Strooss spenden.

Categories: News

Skip to content