
Détails de l'événement
Eis Schülerinnen a Schüler vun der 2GSO hunn an hirer Optioun "Be creative, be active in politics" eng Podiumsdiskussioun mam Titel "LTEtt rethinks EU" organiséiert, bei där si d’Zukunft vun
Détails de l'événement
Eis Schülerinnen a Schüler vun der 2GSO hunn an hirer Optioun “Be creative, be active in politics” eng Podiumsdiskussioun mam Titel “LTEtt rethinks EU” organiséiert, bei där si d’Zukunft vun der Europäescher Unioun zesumme mat Politikerinnen a Politiker aus de lëtzebuergesche Parteien, déi am Europaparlament vertruede sinn, wëllen diskutéieren.
D’Evenement fënnt statt den 11. Juni 2025 vun 13:00 bis 15:00 Auer am Lycée Technique d’Ettelbruck.
D’Zil vun dëser Diskussioun ass et, eist jonkt Publikum fir déi europäesch Politik ze sensibiliséieren an e kritescht Denken ze fërderen. Geplangt sinn dräi Themeberäicher, déi jeeweils a ronn 30 Minutten ugeschwat ginn. All Partei soll kuerz hir Positioun zu de follgende Froen duerleeën:
- Braucht d’EU eng eege Verdeedegungsarméi?
- Sollt d’EU méi oder manner Kompetenze kréien, fir eng besser Zukunft ze gestalten?
- Wéi kann d’EU eng effektiv a mënschlech Migratiounspolitik ëmsetzen?
Heure
13:00 1:00pm - 3:00pm
0 Comments