26nov18:0021:30Formatioun fir Elteren "Eischt Hëllef an der psychescher Gesondheet Youth"18:00 - 21:30

Détails de l'événement

Ab dem 22. Oktober bidde mir wärend 4 Wochen eng Formatioun fir d’Elteren un zum Thema „Premiers secours en santé mentale Youth“.

Oft wësse mir wéi mir kënne reagéiere, wann eng Persoun sech wéi deet oder een Accident geschitt, awer net ëmmer wësse mir wéi mir kënne reagéieren am Fall vun enger psychescher Kris. Et geet dorëms d’Wuelbefanne vun eise Schüler:innen ze stäerken an si beschtméiglechst opzefänken a Momenter, an deenen et hinnen net gutt geet. D’Formatioun fennt bei eis am Lycée statt an dauert am ganzen 14 Stonnen. D’Datumer sinn: 22.10, 05.11, 12.11, 26.11 an et dauert vun 18.00 bis 21:30 Auer.

D’Viraussetzunge fir een erfollegräichen Ofschloss vun dëser Formatioun sinn:

  • eng obligatoresch Präsens vun 13 Stonnen
  • wärend dem 1. Modul dierf een net feelen

Den Praïs fir dës Formatioun (Buch inclus) ass 31 Euro. No enger ofgeschlossener Formatioun kritt dir een Diplom deen fir 5 Joer gëlteg ass.

Mellt Iech wannechgelift bis speitstens den 30.9.2024 un.

Heure

18:00 6:00pm - 9:30pm

0 Comments

Skip to content