Schoulfoire 2026

19avrToute la journée22Schoulfoire 2026(Toute la journée)

Détails de l'événement

D’Schoulfoire 2026 fënnt vum 19. bis den 22. Abrëll 2026 statt.

Si riicht sech u Schüler aus dem Cycle 3 a 4 vum Fondamental, un d’Schüler aus dem leschte Joer vun de Primärklassen an den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire.

Si riicht sech och un hir Elteren an un d’Professioneller aus dem Educatiounsberäich. D’Schoulfoire ass eng Plattform fir schoulesch a berufflech Orientéierung, mee och eng Plaz fir nei Saachen ze entdecken.

Och eise Lycée wäert och dobäi sinn an Iech op e puer Stänn déi verschidde Sektiounen a Beräicher aus dem LTEtt virstellen! Kommt laanscht an entdeckt eis Offer!

Heure

00:00 - 23:59 (Toute la journée)

0 Comments

Skip to content