Den alldeeglechen Theater am LTEtt fënnt elo och säi Wee op déi grouss Bün ! D’Stéck « Zwou ass eng ze vill » gëtt vun enger Ekipp aus dem LTEtt freides, den 28. Juni a samschdes, den 29. Juni 2024 am Theatersall (B101) vun eiser Annexe opgefouert.
Mellt iech elo séier iwwer Whatsapp un. All weider Informatioune fannt dir op eisem Flyer.
Mir freeën eis op iech! 🎭
D’Theaterfrënn aus dem Lycée Technique d’Ettelbruck
0 Comments