Déi 10. Mini-Entreprise aus dem LTEtt spillt Kaarten an der “School of cards”. Am Projet vun der JEL (Jonk Entrepreneure Luxembourg asbl) konnten 12 Schüler vun der 2e testen, wéi gutt si sech als Start-up géife maachen. Am selwer entwéckelten Trumpf-Kaartespill “Games of Norden” trieden 32 Gemengen aus dem Norde géinteneen un, fir sech a 6 Kategorien ze moossen: vun der Unzuel vun Awunner, iwwert d’Bëschfläch bis bei d’Unzuel vu Firmen oder Schoulkanner.
D’Schüler hu vill Initiativ gewise fir d’Kaartespill – trotz CORONA-Restriktiounen – ënnert d’Leit ze kréien. Dowéinst ass et hinnen elo méiglech gewiescht, en Don an der Héicht vun 2.000 € un d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere – Service Coopération asbl” ze maachen. Domat hëllefen d’Schüler beim Ausbau vun enger Schoul am Burkina Faso, déi, fir hiren Eegebedarf ze décken, an erneierbar Energien investéiert, wéi z.B. Solarpanelen a Waasserbuer.
Op der Foto vun der Scheckiwwerreechung vum 21. Oktober 2020 sinn (v.l.n.r.): Liz Survaci (Vertriederin vun der Schoulklass), Fränk Fries (Direkter LTEtt), Johan Piron (Vertrieder vun der Schoulklass), Yves Monville (Sous-Direkter LTEtt), Romain Richer (ONG-President) a Sonja Laures (Régente).