Top3-News

Dernières nouvelles

7GIF – Teambuilding

Lëschte Méinden hat 7GIF e flotten Teambuildingsmëtteg zu Ettelbréck an Ëmgéigend. Zesumme mat hirer Régente hunn si zu Mëtteg giess, ier si un enger gruppendynamescher Aktivitéit deelgeholl hunn. Et gouf vill gelaacht, geschwat an sech amuséiert. Lire la suite →

Graffitiprojekt Lycée Technique Ettelbruck

Das Graffitiprojekt, welches innerhalb der Kulturtage im LTETT stattgefunden hat, kann man als gelungen bezeichnen. 22 Jugendliche hatten sich im Vorfeld angemeldet und an einer Vorbereitungsversammlung teilgenommen, wo über das Thema des Projektes entschieden wurde. Während der drei Tage waren alle Schüler mit viel Motivation und Kreativität am Projekt beteiligt, so dass eifrig gestrichen und gesprayt wurde.

Lire la suite →

D’2GSO2 op Visite am Jugendhaus an an der Maison Relais zu Ettelbréck

Den 11. an 13. Mäerz haten d’Schüler vun der 2 GSO2 am Kader vun hirem Pédagogies-Cours d’Méiglechkeet fir déi nei Ettelbrécker Maison Relais „Kannerbuerg“ an d’Jugendhaus vun Ettelbréck ze besichen.

Lire la suite →

Luxembourg Philosophy Olympiad

32 Schüler aus 17 Schoulen hate sech dem Sujet #identity gestallt. Och den Emre aus dem LTETT huet matgemeet a krutt eng « Honorable Mention ».

Lire la suite →

Visite guidée vun der Stad Ettelbréck

D’Schüler vun der 2GSO2 haten den 1. Abrëll 2019 een bësse méi ofwiesslungsräichen Schoulprogramm. Si haaten d’Méiglechkeet deelzehuelen un enger Visite guidée duerch d’Stad Ettelbréck. Si konnten vun dëser ongewéinlecher Opportunitéit profitéieren fir vill Interessantes bäizeléieren iwwer d’Geschicht souwéi d’Bedeitung an d’Entwëcklung vun der Stad Ettelbréck an der Vergaangenheet an haut. Lire la suite →

4GSO1 Teambuilding

Bei beschtem Wieder hunn d’Schüler aus der 4 GSO1 un enger Teambuildingsaktivitéit am Mariendall deelgeholl. Fir Mëtteg hu mir zesumme gies dono hunn d‘Schüler un interessanten Aktivitéiten deelgeholl fir den Zesummenhaalt ze stäerken, dat ganz gutt encadréiert  vun enger kompetenter Equipe vum SNJ. Lire la suite →

Logosconcours vum Projet Peer Education

D’Lisa ter Heegde vun der 3GPS3 huet de Logosconcours vum Projet Peer Education zu Bielefeld gewonnen. Daat heescht dass dee Logo, deen hatt op der Internetplatform canva.com gemaach huet, ënnert 18 Plakater, déi vu 5 Schoulen a 5 verschiddene Länner proposéiert goufen, ausgewielt ginn ass. Dee Logo wäert elo op all d’Dokumenter vum Projet drop kommen. Félicitatiounen un d’Lisa! Lire la suite →

7 begeeschtert Schüler mat hire Proffen zu Bielefeld

Am Kader vum Erasmus Plus Projet « Peer Education » si 7 Schüler aus 6 verschiddene Klasse mat 2 Proffen op Bielefeld gefuer fir eis Schoul beim 2. Projetstreffen ze vertrieden. Souwuel um soziale wéi um formelle Plang hu mir masseg nei Andréck gesammelt, vill nei Leit kenne geléiert an eis mat  ville Leit aus insgesamt 5 Länner ënnerhalen, zesumme geschafft, présentéiert an eis dono awer och gutt amuséiert. Och wann d’Wieder nët déi ganzen Zäit matgespillt huet, haate mir vill Spaass an hunn och déi eng oder aner Frëndschaft geschloss.

Voyage scolaire op Rennes – 2. Dag

Wärend hirer Studiërees zu Rennes huet d’2TPEE een ‘Concept Home’ vun der Firma ‘Delta Dore’ besicht. An dësem Showroom kruten d’Schüler fir d’éischt eng Partie Hannergrondinformatiounen zu dëser innovativer franséischer Firma, déi am Beräich vun der Hausautomatiséierung aktiv ass. Duerno konnten d’Schüler vun der Elektrosektioun selwer verschidden Produiten ausprobéieren, a kruten eng gutt Idee wat een alles mat ‘wireless’ Sensoren an engem Haus automatiséieren kann. Lire la suite →

Eng Refill-Statioun fir den LTEtt

Den 22. Mäerz gouf am LTEtt eng « Waasser-Tankstell » am Preau ageweit an och déi nei hauseege Fläsch aus Inox mam LTEtt-Logo presentéiert. Dëst ass eng vun den Aktiounen, déi am Kader vum Projet d’Etablissement dozou féiere sollen, de Plastiksoffall am Lycée ze reduzéieren.

Lire la suite →

Voyage scolaire op Rennes (2TPCMF, 2TPEE, 14BED an der 15BED)

Am Kader vun hirem voyage scolaire an d’Bretagne waren d’Schüler vun der 2TPCMF, 2TPEE,14BED an der 15BED am spéiden Moien vun der Gemeng vu Rennes op eng Receptioun agelueden.

Lire la suite →

Den neie Schülercomité stellt sech der Direktioun vir

De 6. Mäerz war den neie Schülercomité vum LTEtt bei der Direktioun fir sech virzestellen. Tëscht dem Direkter Här Fries an de Schüler koum et wärend deenen zwou Stonnen zu flotte Gespréicher a vill Pläng goufen diskutéiert. D’Direktioun freet sech, datt dës nei, ganz motivéiert Equippe sou vill wëlles huet fir d’Gemeinschaft am LTEtt ze stäerken an d’Besoine vun de Schüler ze vertrieden.

 

Videos