Top-News

Dernières nouvelles

Kick-Off SE 19/20

Am Kader vun der Sektioun Sciences Environnementales (SE) gouf och dëst Joer erëm e Kick-Off organiséiert, wou Schüler a Proffen zesummen drun deelgeholl hunn.

Lire la suite →

Schülerinnentag op der Technischen Universität Kaiserslautern (TUK)

Zu véier hunn d’Joyce, d’Noemi, d’Alexia an d’Lisa sech Donnëschdes moies (26/9) op den Wee vun Ettelbréck op Kaiserslautern gemaach.

Lire la suite →

Eis bescht Wënsch fir d’Rentrée

Et ass erem esou wåit – de Summer ass eriwwer an d’Schoul geet erem un.

Mir wenschen jidferengem eng gutt Rentrée an all deenen, déi nach en Noexamen hunn, bonne Chance an dass d’Energie, déi dir an der Vakanz an d’Léiere gestach hutt, och belount gëtt .

Besichtigung des Syndicat des Eaux du Barrage d’Esch-sur-Sûre (SEBES)

Im Rahmen des Projet d’Etablissement sind unterschiedliche Sensibilisierungsaktivitäten zur Nachhaltigkeit geplant. Aus diesem Grunde besichtigten sämtliche 6e-Klassen des LTEtts im Schuljahr 2018/2019 die SEBES in Esch/Sauer. Lire la suite →

Schoulfest am LTEtt

De leschte Schouldag am Lycée Technique d’Ettelbruck stoung am Zeeche vun der Gemeinschaft. De ganzen Dag iwwer war eng lass: d’Schüler konnten sech an Atelieren aschreiwe wéi Footballjonglage oder Theater. E Floumaart, Spill- an Iess-Stänn souwéi sportlech a kënschtleresch Virféierungen hunn de ganzen Dag iwwert Schüler a Proffen an de sonnege Bannenhaff gelackelt. Héichpunkt fir all Klass waren awer sécher déi festlech Zertifikatsiwwerreechungen, wou déi schoulesch Bescht aus all Klass e Präis kruten.

Lire la suite →

Diplomfeier am Lycée Technique vun Ettelbréck

Fir iwwer 100 Schüler vum Lycée Technique vun Ettelbréck ass am Juli 2019 eng nei Liewensetappe ugaangen. Si krute wärend enger feierlecher Zeremonie hiren Ofschlossdiplom iwwerreecht, den Héichpunkt vun hirer Lycéeskarriär. Iwwerreecht goufen d’Diplomer vum Minister fir Energie a Landesplanung, dem Här Claude Turmes.

Lire la suite →

Journée Windmobile mam LTETT an der Grondschoul zu Kolmer-Bierg

De Mëttwoch den 3 Juli war ee groussen Dag fir de Cycle 3.2, 4.1 an 4.2 aus der Grondschoul vu Kolmer-Bierg.

D’Equipe vu Windmobile aus dem LTETT ass bei si an d’Schoul komm, fir hinnen mat verschiddenen Atelieren déi alternativ Energien méi no ze bréngen.

D’Schüler vun der 2TPEE haten gehollef fir dëst flott Evenement ze preparéieren, a waren och de ganze Dag derbäi fir déi dräi Atelieren ze leeden. Lire la suite →

Déi 12. Plaatz : 52nd Intersteno Congress – Cagliari 2019

Den Hugo Barra Baía vun der 4GCM huet um 52. Kongress vun Intersteno zu Cagliari (Sardinien) deel geholl.
Dat ass eng Weltmeeschterschaft wou ennert anerem “Séier Tippen” gepréift gëtt. Hien ass an senger Alterskategorie den 12. ginn. Am ganzen waren 29 Länner, 5 Kontinenter an iwwert 420 Leit vertrueden.
Hien ass begleet ginn vum Marylène Brito an Pascale Kasel aus dem Lycée technique vun Ettelbréck an dem Nicole Gangolf an dem Josiane Funck aus dem Maacher Lycée als Vertrieder vun der AETCO (Association des Enseignants en Techniques de Communication et d’Organisation). Nieft dem interessanten professionellen Deel gouf et och interessant kulturell Ablécker. Lire la suite →

The English department in Dublin

Vum 14.-21. Juli hunn am Kader vum Erasmus + Projet ‘There’s an app for that’ siwe Leit aus dem Englesch Departement un enger 30-Stonne Formatioun zu Dublin deelgeholl. Et stounge virun allem den Asaz vun Tablets an de Gebrauch vun neien Technologien am Virdergrond vun dëser Formatioun continue. De kulturelle Programm war och net manner interessant: hei stoungen ‘Riverdance’, den ‘Giant’s Causeway’, eng Visitt vun Dublin a Belfast um Programm. Insgesamt war dës Rees eng immens Beräicherung fir eist Englesch Departement.

ENGLISH DRAMA OPTIOUN- PERFORMANCE 08.07.2019

Den 08. Juli, um Schoulfest vum LTEtt, hunn eis ‘budding actors’ vun der English Drama Optioun déi éischten Kéier hiert Stéck ‘Shoppers’ virgedroe!

Lire la suite →

Service Socio-Educatif: Sortien am 3. Trimester

Zënter dass d’Wieder ab dem 3. Trimester lues a lues ëmmer besser ginn ass, hu mir eis gemeinsam mat deene Jonken néi Aktivitéiten a Sortië fir Freides Nomëttes iwwerluecht.

Déi Jonk sinn dunn och selwer direkt mat flotten Iddie komm wéi z.B zesummen an de Bësch spadséiere goen, Skateboard a Longboard fueren, e Picknick op der Grillplaz zu Bettenduerf souwéi zesumme Petanque spillen op enger Wiss.

Videos