De 25. Juni huet d‘14ème BTS zesumme mam Pitt Schneider, Workshops organiséiert zum Thema Fairtrade: Fair denken, fair handelen. Et goufen 3 Atelieren ugebueden ënnert dem Thema “Banana – The Right Price”, „The Fairtrade Quiz“ a „Guess the smoothie“. Ziel war et ze informéieren an ze sensibiliséieren duerch selwer schmaachen an ausprobéieren.

3 Klassen hunn un dëse Workshops aktiv a motivéiert matgeschafft an deen een oder anere Cadeau gewonnen.

E grousse Merci un all déi Schüler déi derbäi waren a virun allem de BTS-Schüler fir hiren Asaatz.

 

Skip to content