Am LTEtt wëlle mir d’Schülerinnen an d’Schüler mat eisem Mountainclimber motivéieren sech souwuel méi mam iPad auserneen ze setzen, wéi och den iPad als rengt Aarbechtsmaterial am Unterrecht ze benotzen.
Dofir hu mir verschidden Niveauen (Bierger) wou eis Schülerinnen a
Schüler kënnen erklammen, wann si sech un eis Charta halen an eis weisen, dass si mam iPad schaffe kënnen. Mat all Opstig kréien si méi Méiglechkeeten den iPad ze notze fräigeschalt.
Sollte Schüler sech besonnesch am LTEtt engagéieren oder eng flott Aarbecht mam iPad erstellen, sou waart um Mount Everest den Titel vum Ranger op si.