Am Kader vum “one2one”-Projet kruten dës Woch méi wéi 200 Schülerinnen a Schüler am Lycée Technique vun Ettelbréck hir iPaden. All Schülerin a Schüler vun de 4G-Klassen huet sou en eegenen Tablett, deen net nëmmen an der Schoul, mee och doheem fir pedagogesch Zwecker genotzt gi kann. Nei ass dëst Joer, datt den Informatik-Team vum iteach-Grupp ënnerstëtzt gouf.

Den iteach-Grupp huet am leschte Schouljoer intensiv um digitale Konzept fir den LTEtt matgeschafft an sou och e ganz wichtege Bäitrag zur Qualitéit vum digitalen Homeschooling wärend dem Lockdown geleescht. Hire “Mountainclimber” definéiert ganz kloer d’Rechter a Fliichte bei der Notzung vum iPad. D’Schülerinnen a Schüler steigeren nom Virbild vu Biergsteiger hir multimedial Kompetenzen. Nodeems de Jonke mam Certificat Mont Blanc a Kilimanjaro bewisen huet, datt en d’Grondprinzippie vum Schaffe mam iPad beherrscht, geet et weider mam Denali, bis ee schliisslech um Mount Everest vollends bewisen huet, dat ee responsabel mam iPad ëmgoe kann. Och Formatioune fir d’Enseignantë goufen organiséiert, sou datt déi hir Schüler méi differenzéiert an hirem Léierprozess ënnerstëtzen an op d’Erausfuerderunge vun der Beruffswelt virbereede kënnen.

Categories: iTeachNews

Skip to content