Zu véier hunn d’Joyce, d’Noemi, d’Alexia an d’Lisa sech Donnëschdes moies (26/9) op den Wee vun Ettelbréck op Kaiserslautern gemaach.   Während dëser Faart hu mir eis well all méiglech Gedanken gemaach wat eis do erwaart an ob mir schlussendlech dann och eng Iddi fanne fir spéider weider Studien ze féieren. No 2 Stonnen Faart si mir dunn endlech ukomm a géint 8:10 war den Auto um Campus vun der TUK geparkt. Erstaunt iwwert d’Gréisst vum Campus si mir drop lass gaangen fir no der Entrée ze sichen. Zoufällegerweis hu mir dunn och déi richteg geroden an sinn och rechtzäiteg ukomm. Nodeems mir eis Umeldung accordéiert hunn, kruten mir een stoffen Rucksak mat puer Broschüren geschenkt an den Programm mam Oflaf vum Dag. Dëst Joer war et sou dat ee verschidde Programmer konnt zéien, woubäi mir dunn d’Nummer 17 kruten. An dem Programm sinn dräi verschidde Beräicher ofgehakt ginn an zwar Getriebetechnik als éischt, dono Pflege und Beauty an als drëtt Eye Tracking. Mir konnten eis net vill drënner virstellen mee wéi Meedercher sou sinn, hu mir eis am Meeschte fir Beauty und Pflege gefreet. No enger klenger Virstellung vun der Schoul hu mir dann eis Begleetpersoun, den Jacob fonnt a sinn da mat him an nach dräi aner Meedercher an den éischten Programm gaangen. Am Klassenzëmmer ukomm, hu mir eis zu véier bei een Dësch gestallt. Och hei hunn sech déi zwee Proffen kuerz virgestallt an du konnte mir mat Hëllef vun enger Anleitung ee Getriebe zesummebauen. Ufanks haten mir nach ee puer Schwieregkeeten, mee no enger klenger Hëllef vun deenen zwee Proffen, huet dann och alles geklappt. Wéi dat ganzt dunn zesummegebaut war, hu mir et nees auserneegebaut an alles ageraumt. Well mir laut eisem Zäitplang zimlech fréi fäerdeg waren, si mir den Audimax besichen gaange. Dat ass dee gréisste Sall vun der Uni an deem ee Cours halen kann. Et kënne bis zu 600 Schüler Plaz fannen an et ass sou wéi an engem Theater beliicht. Mir waren zimlech impressionnéiert iwwert dee risege Sall an wéi ee Proff do eleng Cours hale kann. Dono hu mir allerdéngs nees misse wieder goen. Mat eisen héijen Erwaardungen sinn mir bei d‘ Pflege und Beauty Programmer gaange, mee leider waren mir dono zimlech enttäuscht. Et ass drëms gaange, Produkter ze vermaarten also u sech war et just den Marketing Deel vun der Schoul. Nodeems och hei Proffen e bëssen eppes verzielt hunn, missten mir ënnerhalb vu 25 Minutten ee Plakat maachen op deem mir eng Crème virstellen an dat sou verkafen, wéi wann et u grouss Geschäfter geet. Mir waren zimlech ënner Stress an kruten dat net sou hin, wéi mir wollten, mais d’ Virstellung vum Plakat ass dono awer gutt gelaf. Mir waren awer frou well dono war Mëttespaus an mir véier si bei den 2 Minutten wäit entfernten Lidl getrëppelt an hunn eis do Brout an Ham kaf als Mëttegiessen. Puer Donuts an Kichelcher hunn natierlech net dierften feelen fir de klengen Honger tëschenduerch. No enger Stonn war d’Mëttegpaus dunn eriwwer an mir sinn bei eise leschte Programm gaange, den eye tracking. Hei kruten mir och ee Virtrag fir ze wëssen, em wat et geet. Am grousse Ganzen geet et drëms den Léierstyle vun den Schüler ze analyséieren an unhand vun engem Brëll oder engem Sensor mat Liichtsignaler erauszefannen, wat een alles an sengem Buch oder op engem Diagramm liest. U sëch gëtt deng Aen Beweegung opgezeechent an domadder kéint een säin Léierstyle optimiséieren. D’Alexia an d’Lisa konnten dunn een Workshop maachen andeem si virun engem Computer setzen an hiren Numm mat Hëllef vun de Blécker schreiwen, wat dann och méi oder wéineger geklappt huet. Mir zwee waren zimlech begeeschtert an och déi zwou Studentinnen am Labo hunn eis perséinlech am beschten gehollef an waren am feinsten. D’Joyce an d’Noemi hunn dat leider net sou interessant fonnt, well si an hirem Workshop vum eye tracking nach een Meedchen vun der Virgrupp setzen haten an doduerch guer net testen dierften. Dono war et och scho fäerdeg a mir dierften no enger Danksagung heemgoen. Géint 16:00 sinn mir dunn nees fortgefuer. Op der Heemreess hu mir nees vill Spaass mateneen gehat an duerch eis Middegkeet hu mir och vill matenee gelaacht. Mir waren alle véier richteg frou den Ausfluch gemaach ze hunn och wann et een ustrengenden Daag war. Well mir ee virgeschriwwenen Programm haten, hunn mir just een Gebai vum Campus gesinn an och just zwee Studiëgäng. Leider konnte mir eis och doduerch net méi iwwert aner Saachen informéieren an hunn allen véier nach keng genau Iddi wat mir spéider studéieren wëllen. Am beschten huet eis den eye tracking gefall well d‘Personal frëndlech war an den Programm ganz flott war. Am mannsten huet eis den Marketing gefall, wat och dodrunner läit dat mir eis eppes anescht drënner virgestallt hunn. Mir kruten trotzdeem ee richteg gudden Androck iwwert Unisliewen an iwwert déi vill Méiglechkeeten, déi des Uni ubitt. Alles an allem huet eis dee klengen Ausfluch richteg gutt gefall an kéinten den och jidderengem weider empfeelen. https://i2.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b6.jpg?resize=640%2C480&ssl=1 https://i0.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b8.jpg?resize=640%2C481&ssl=1 https://i2.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b9.jpg?resize=640%2C481&ssl=1 https://i0.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7ba.jpg?resize=640%2C481&ssl=1 https://i2.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b0.jpg?resize=640%2C320&ssl=1 https://i2.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b1.jpg?resize=640%2C480&ssl=1 https://i0.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b2.jpg?resize=375%2C500&ssl=1 https://i1.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b3.jpg?resize=640%2C480&ssl=1 https://i1.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b4.jpg?resize=254%2C500&ssl=1 https://i0.wp.com/www.ltett.lu/wp-content/uploads/2019/10/UNADJUSTEDNONRAW_thumb_7b7.jpg?resize=640%2C480&ssl=1
Categories: News

Skip to content