Firwat huet den Diogo en Luuchteschierm op sengem Kapp? Genau déi Fro hunn déi aacht Schauspiller aus der English Drama Optioun probéiert an hirem neien Stéck ‚Lampshade‘ ze beäntweren, dat den 16. Dezember um Wantermaart virgestallt gouf.


Zënter Oktober, hunn sech eis Schauspiller all Freides an der Mëttesstonn mat der Mme Deweweire, Mme Luong an Mme Schaack getraff fir d’Stéck ze prouwen. Den Effort huet sech schlussendlech och gelount, an virun engem gutt gefëllten Sall hunn den Diogo, d’Mia, d’Elena, d’Stéphanie, den Diego, d’Jessica-Joy, den José an d’Julie-Ann hiert Stéck virgedroe. D’Fro vum ‚lampshade‘ gouf allerdéngs net beäntwert…

 

All Schauspiller an aner Theater begeeschtert Käpp sinn wëllkomm am Januar matzemaachen. Eist nächst Stéck gëtt um Summerfest virgedroen!

Categories: News

Skip to content