De Wantermaart 2019 war erëm e vollen Erfolleg. Am Ganzen hunn d’Schüler mat hiren Enseignanten 32 Stänn opgebaut. Een Deel vun de Suen, déi d’Schüler era kritt hunn, hunn se un de Wonschstär gespent, eng Organisatioun, déi reng vu Spende lieft a Kanner, Jonken an och Erwuessener a schwierege Liewenssituatiounen e Wonsch erfëllt. A well den LTETT dëst Joer 50 Joer feiert, war decidéiert ginn, dass 50% vum Gewënn gespent ginn. Esou si mir op eng Zomm vun 1956.17 € komm. Dës Zomm hu mir der Madame Viviane Vermeer (Presidentin vum Wonschstär) Méindes, den 2. Mäerz iwwerreecht.

 

Et waren och Jonker dobäi, déi sech dee Moment net wollten entgoe loossen. Si konnten zesummen ofstëmme, bei wéi engem Projet hier Suen agesat ginn an haten d’Méiglechkeet bei engem Stéck Kuch e puer Wierder mat der Madame Vermeer ze wiesselen.

Mir si frou bei esou enger Associatioun konnte matzewierken an datt mir hëllefe konnten engem Mënsch, deen et net esou einfach huet, en Häerzenswonsch ze erfëllen. Ouni den Engagement vun de Schüler wier dëst net méiglech gewiescht. Dowéinst e grousse Merci un jiddereen, deen dozou bäigedroen huet, déi generéis Spent kënnen ze maachen.

Categories: News

Skip to content