Déi 10. Mini-Entreprise aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck hat sech eppes afale gelooss: hirt Kaartespill, dat se “Games of Norden” genannt hunn, huet sech gutt verkaf. Dat ass kee Wonner, well 32 Gemengen aus dem Norde spille géintenee Quartett oder Trumpf. Si moossen sech a 6 Kategorien, vun der Unzuel vun Awunner, iwwert d’Bëschfläch bis bei d’Unzuel vu Firmen oder Schoulkanner.

 

Déi 12 Schüler vu verschiddene Klasse vun 2G hunn hir Mini-Entreprise “School of Cards” genannt. Si hunn Aktie verkaf, d’Date vun de Gemenge gefrot an nogesicht, de Lay-out preparéiert an eng europäesch Firma fonnt fir d’Printe vun de Kaartespiller.

De Projet “Mini-Entreprise” gliddert sech an eng laang Rei vu Projete vun der JEL (Jonk Entrepreneuren Luxembourg) an, déi am LTEtt zanter ville Joren ënnerstëtzt ginn. An deem Kader huet och “School of Cards” hir Assemblée Générale de Constitution an der BGL PNB Paribas ofhale konnten.

De Corona-Confinement huet de Schüler e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Déi geplangte Verkafsstänn konnten net organiséiert ginn. Trotzdeem hunn d’Schüler vill Initiativ gewisen, an de ganze Stock esou séier verkaf, datt eng zweet Commande gemaach ginn ass.

Séchert Iech Äert Kaartespill, ënner schoolofcards@ltett.lu, fir 7 € – esou laang der nach do sinn.

 

 

 

Categories: News

Skip to content