Déi traureg Nouvelle vum Doud vum Paul Sobol beréiert vill Memberen vun eiser Schoulgemeinschaft.

Als ee vun de leschten Zäitzeien vum Holocaust huet hien eis an Témoignagen, ganz aktuell a Webinairen an Expoen, mol am grousse Grupp awer och am méi klenge Kreess, an net zulescht virun engem gudde Joer nach zu Auschwitz (Polen) selwer seng grujelech Erfahrungen erzielt a gewisen. D’Associatioun “Témoins de la 2e génération” hunn a wäerten och an Zukunft dofir suergen, dass mir net vergiessen.

Déi, déi héieren hunn, wat den Här Sobol ze zielen hat, waren schockéiert a jidfereen hat ganz vill Respekt virun sénger Liewensgeschicht, déi vill anerer och erliewt hunn, awer leider ni dovu konnten verzielen.

Mir halen de Paul Sobol a gudder Erënnerung.

Categories: News

Skip to content