Den 1. Dezember hunn eng 60 Schülerinnen a Schüler aus dem LTEtt a verschidden Atelieren, déi vum Jugendrot organiséiert goufen, iwwert d’Zukunft vun Europa diskutéiert.

Am Kader vun der ‘Conference on the future of Europe’ goufen Theme wéi Klimawandel an Ëmwelt, Diskriminéirung, Mobilitéit an Demokratie beschwat. Déi Jonk hunn flott alternativ Pisten opgezeechent wéi den europäesche Gedanke ka konkret am Alldag gelieft ginn a wéi d’EU, duerch Initiativen an Entscheedungen, dozou ka bäidroen. 

Méi Informatiounen iwwert COFE fannt Dir ënnert folgendem Link:

locale=de”>https://futureu.europa.eu/?locale=de

Skip to content