De Lycée Technique vun Ettelbréck huet den Challenge ugeholl, fir beim Earthbeat-Tour matzemaachen, fir esou en Deel vum Wee bis op d’COP26 op Glasgow mam Velo ze fueren. Den Tour, de verschidde Schüler an Enseignante vum LTEtt zeréckgeluecht hunn, huet se vum 12.- 15. Oktober iwwer  Ettelbréck – Huldang – Maastricht – Eindhoven – Antwerpen – Bréissel gefouert. Zu Bréissel  sinn se vum Lëtzebuerger EU-Deputéiert Christophe Hansen empfaange ginn. D’Covid-Check-Mesuren hunn et de Jonken net erlaabt an d’EU-Parlament eranzegoen. An engem improviséierte Mëttegiessen um Parvis huet de Christophe Hansen de Cyclisten awer Ried an Äntwert zu europäesche Froe gestanen.

Skip to content