D’Bibliothéik ass och all Mëttesstonn an no dem Nomëttescours fir déi Schüler op, déi eng roueg Platz siche fir hir Hausaufgaben, Gruppenaarbechten a Recherchen ze maachen. Hei hunn d’Schüler d’Méiglechkeet an engem gemittleche Kader ze schaffen an och mol Saachen nozefroen.

Dofir ass all Dag an der Mëttesstonn oder no der Schoul een Erzéier als Uspriechpartner fir d’Schüler do.

Zil vum Projet ass et, ee Raum ze schafen, wou d’Schüler hir Hausaufgabe schreiwe kënnen a jee no Besoin och op Hëllef zeréckgräife kënnen.

Categories: Archives

Skip to content