![](https://www.ltett.lu/wp-content/uploads/2022/02/game-on-1.jpg)
An der Spillbibliothéik vum SSE kriss du eng ganz Réi flott Gesellschaftsspiller ze Verfügung gestallt.
Komm Méindes no der Schoul bis laanscht a spill mat engem Erzéier, engem Kolleeg oder engem Engeignant, eng Partie Uno, Skipbo, Mensch ärger dich nicht, ….
Du hues Surveillance oder langweils dech an enger Paus ? Dann komm och do bis laanscht a profitéier fir dir ee Spill gratis ausléinen ze kommen!