Du wëlls gären selwer Artikele schreiwen? Du kanns gutt zeechnen, molen a gestalten? Du knips gäre Fotoe? Du interesséiers dech fir aner Leit an hir Erfarungen? Du wëlls gären iwwert aktuell Themaen beriichten?

Dann komm maach mat, a sief mat dobäi, bei eiser ganz neier Schülerzeitung!

Mir gesinn eis reegelméisseg iwwert Teams oder an der Schoul a kucken dann ewéi mir dëse Projet zesummen uginn. Jidderee dee motivéiert ass, ass wëllkomm!

Et ass nach näischt fest definéiert. Du hues hei d’Chance ee ganz neie Projet mat opzebauen an duerch däin Talent, d’Liewen am LTEtt nees méi interessant ze gestalten.

Den LTEtt brauch dech!

Categories: Archives

Skip to content