Den 12. Mee hunn d’4GSO2 an d’3TPCM1 en Ausfluch an d’Chambre des Députés gemaach. Am Virfeld hu sech d’Klasse mam Opbau an dem Fonctionnement vum Parlament ausernee gesat. D’Schülerinnen a Schüler hu sech och d’Fro gestallt, wat eng gutt Petitioun ausmécht a wat en Deputéierte fir Viraussetzunge mat sech brénge muss.

Um Ausfluch konnt dat Virwëssen dunn verdéift ginn, andeems d’Klasse vum André Bauler (DP) d’Chamber gewisen an erkläert kruten. No enger Diskussiounsronn an der Plenière hunn d’Schülerinnen an d’Schüler vun der 4e nach d’Ried vum Caspar Mathias Spoo vum 9. Dezember 1896 iwwert d’lëtzebuergesch Heemechtssprooch virgedroen, déi si virdrun am Kader vum nei agefouertem LUXEM-Cours analyséiert hunn.

Mëttes goung et dunn nach weider op de Campus Geesseknäppche fir un der interaktiver Ausstellung DemokratieLabo deelzehuelen, déi vum Zentrum fir politesch Bildung ugebuede gouf.

Skip to content