Den 21. Mee 2022 konnten äis BTS-Schüler op hirem Tour am Norden äis Éisléker Koppe bewonneren.
 
Am Heischtergronn gesäit een d’Geologie (Quarzit a Schifer) aus der Regioun gutt. Dono goung et weider mam Bus bei d’Staumauer vun Esch-Sauer an op den Houfiëls bei Bauschelt.
 
Zu Fouss si mer dunn bei d’Bungerëffermille getrëppelt op der Sich no de Spuere vum Mënsch …a vum Biber !
 
Um Réckwee goufe mer vun der Ekipp vum Naturpark Uewersauer an der Duchfabréck zu Esch-Sauer häerzlech empfannen a krute weider  
intressant Informatiounen zur ekonomescher an ökologescher Entwécklung vum dëser schéiner Regioun.
Skip to content