Wéi et sech gehéiert, sinn d’Schüler mam Zuch vun Ettelbréck op d’Stater Gare gefuer. Nom Rendezvous op der Gare, ass de ganze Grupp zesumme bis bei den Atelier, op där anerer Säit vun der Bréck, Richtung Bouneweg, getrëppelt.

Am Atelier sinn se an 2 Gruppen duerch d’Hal gaangen, wou d’Lokomotiven an d’Waggone kontrolléiert a gefléckt ginn. All d’Stécker duerchlafen e strenge systematesche Kontroll a mussen och reegelméisseg ersat ginn. Well déi Stécker net nëmmen immens schwéier sinn, mee och nach deier, muss vill opgepasst ginn. Gefléckt ginn all d’Deeler esou wäit wéi méiglech am Atelier vun der CFL selwer : Klimaanlag, Rieder, Elektronik, Miwwel, Ausstattung… Besonnesch bei de Waggonen an de Lokomotiven déi ënnert elektrescher Spannung stinn, si vill Spären a Kontrollmechanismen am Oflaf agebaut. Dëst erméiglecht et den Aarbechter fir sécher an effikass ze schaffen.

D’Schüler waren impressionéiert vun der Hal an hunn d’Explikatioune ganz interessant fonnt. Ganz interaktiv sinn se mat agebonne ginn a konnten sech abréngen. Verschidde Schüler hu souguer schonn no engem Stage oder Studentenjob gefrot. No enger décker Stonn war d’Visitt am Atelier eriwwer.

Zréck am Gebai op der Gare, kruten d’Schüler e Gedrénks an e puer flott Gadgets vun der CFL. Dono hunn se den dräi Exposéen  iwwert verschidde Beruffer bei der Bunn nogelauschtert. Besonnesch den Beruff vum Chef de circulation huet sech interessant unhéieren.

Mat enger flotter Impressioun sinn se – mam Zuch – erëm heem gefuer.

Skip to content