D’3TPCM1 aus de Lycée Technique vun Ettelbréck huet e grousse Succès ze verbuchen. Siwe Schüler kruten hiren Diplom am “Computerführerschein” wou se hiert Wëssen iwwert de Computer an d’Kommunikatioun um Internet, esou wéi och an den dräi Programmer Word, Excel a Powerpoint ënnert Beweis gestallt hunn.

Den ICDL (“International Certification in Digital Literacy”) ass en international unerkanntenen Diplom dee vill Dieren (méi einfach) opmécht. Op enger feierlecher Zeremonie déi vun der Chambre des Salariés organiséiert gouf, konnten d’Schüler hiren Diplom entgéint huelen.

Skip to content