Schoulfest 2022 am LTEtt

Den 11. Juli 2022 konnt eist Schoulfest, no 2 Joer, endlech erëm stattfannen. D‘ Fest war een Erfolleg an d‘ Klasse konnten sech an eis villfälteg Workshops aschreiwen.

Mir haten een XXL-Kicker Tournoi organiséiert, deen d‘ Schüler*inne vun der Klass 7G3 gewonnen haten. Fir déi Schüler*inne, déi gären danzen, gouf et ee Capoeira Workshop an si konnten sech an der brasilianescher Perkussioun probéieren. Ee risege Millchen-Atelier, bei deem d‘ Schüler*inne selwer d‘ Spillsteng duergestallt hunn, gouf och ugebueden. Wann dat hinnen näischt sot, konnten si hiert Gléck beim XXL-Mikado versichen. Beim Codeknacker-Spill a beim Tabaluga-Spill missten si weise wéi gutt si zesummeschaffe kënne fir déi jeeweileg Erausfuerderungen ze meeschteren. De Ludobus war och present an d‘ Schüler*inne hate soumat d’ Méiglechkeet fir flott nei Spiller auszetesten.

Géint den Honger ass gegrillt ginn an d‘ Schüler*inne konnten sech eng Erfrëschung bei d‘ Juicy-Bar siche goen.
D‘ Schoulfest huet eis d‘ Méiglechkeet gi fir nach ee schéinen a flotte Moment zesummen ze verbréngen a mir freeën eis schonn op dat nächst Schouljoer.

Skip to content