Remise des diplômes 2022

Mir gratuléiere ganz häerzlech: 123 Schüler a Schülerinne vum LTEtt hunn hiren Ofschlossexame gepackt a kruten dëse Weekend hir Diplomer iwwerreecht. Lo fänkt eng nei Etapp vum Liewe fir si un. Mir wënschen hinnen alles Guddes op hirem weidere Wee! 🍀

 

Freides kruten d’Schüler:inne vun der 1GIG, 1GSE an 1TPEE hir Diplomer vum Minister fir Energie a Raumentwécklung iwwerreecht, deen si encouragéiert huet sech weider am Beräich erneierbar Energien ze investéieren…. ganz no eisem Motto am LTEtt: Op d’Zukunft spezialiséiert!

Freides Owes goufen och d’Diplomer fir eis Klassen 1GCG a 1GCC iwwerreecht, mat gläich 3 beschten Examen am Land fir dës Sektiounen! Mir sinn extra stolz op d’Marie, d’Cynthia an Ornella! D’Marie an d’Cynthia vun der CG hunn allenzwee eng Moyenne vu 50 an d’Ornella vun der CC krut mat enger Moyenne vu 54 souguer déi eenzeg Mentioun “excellent” op CC am Land! Gutt geschafft, Meedercher!!!

 

Samschdes Moies huet d’Madamm Véronique Schaber, d’Directrice vum Service de la Formation professionnelle, als Vertriederin vun eisem Minister, de Laureate gratuléiert an ass an hirer Ried och op hir eegen Zäit hei am LTEtt agaangen. Och de Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck, den Här Jean-Paul Schaaf, huet et sech net huele gelooss, de Schüler:inne vun de Klassen 1TPCM ze gratuléieren an ass besonnesch op hir Roll an der Gesellschaft agaangen. E grousse Bravo fir déi stralend Laureaten vun de Klassen 1TPCMF, 1TPCM1 an 1TPCM2!

Samschdes mëttes goufen eis Schüler:inne vun den SO-Klasse geéiert. An hirer Ried huet d’Vertriederin vum Minister, d’Madamm Marguerite Krier, de Jonke bewosst gemaach, datt si lo all déi néideg Kompetenzen hätte fir hire weidere Wee ze meeschteren, fir den nächsten, méi grousse Puzzle zesummen ze sëtzen.

 

Net nëmmen Diplomer, mee och Präisser fir besonnesch Leeschtunge goufe verdeelt: Merci der Chambre de commerce, der Chambre des salariés, der
Däitscher Botschaft an der Gemeng Ettelbréck!

123 Diplomer, dat sinn 123 jonk Mënschen, déi den LTEtt elo hannert sech loosse fir nei Weeër ze goen. Et gouf vill emotional Momenter dëse Weekend, et ass gelaacht a gekrasch ginn. Bonne Chance iech Ex-Schülerinnen an Ex-Schüler vum LTEtt op ärem weidere Wee! Dir hutt hei Geschicht geschriwwen!

Skip to content