LTEtt Story: Dem Abdul Rahimi seng Geschicht -
Eng inspiréierend "Story of success"

123 Schüler:inne vum LTEtt hunn 2022 den Ofschlossexame gepackt a kruten am Juli hir Diplomer iwwerreecht. Dorënner och den Abdul Rahimi. Dëse jonke Mann ass réischt En 2016 op Lëtzebuerg komm. An Afghanistan hat hien duerch de Krich alles verluer. Säin Zil war et e gudden Ofschloss-Diplom ze kréien, fir onofhängeg ze sinn an en neit Liewen hei zu Lëtzebuerg opzebauen, rëm normal liewen ze kënnen. Den Abdul Rahimi war bereet haart ze schaffen a wollt e Gewënn fir d’Gesellschaft sinn.

Am Ufank war et awer schwéier, hien huet sech eleng gefillt, alles war nei. Mee de jonke motivéierte Mann war sech sécher: alles ass méiglech! Ugefaangen huet den Abdul op enger Classe d’accueil, wou hie Franséisch geléiert huet an 2018 krut hien dunn am LTEtt d’Méiglechkeet fir d’Sektioun Commerce ze besichen. Dofir ass hie souguer all Dag aus dem Minett bis op Ettelbréck komm. An der Mëttesstonn ass hien zousätzlech an d’Nohëllefsstonne gaangen. Seng Enseignanten a Matschüler:innen hunn him vill gehollef, dat huet hien enorm motivéiert. Den Abdul hat d’Gefill, datt ëmmer een hannert him steet an huet och Frënn hei fonnt. Datt hien sech net méi eleng gefillt huet, huet him Kraaft ginn an och motivéiert net opzeginn.

Lo ass den Abdul Rahimi glécklech säi Premières-Diplom ze hunn, deen him den Zougang fir e Studium op enger Héichschoul erméiglecht! Hien huet nach ganz vill Pläng an huet sech dëse Summer als Student op der uni.lu ageschriwwe fir do säi Master ze maachen. Lëtzebuerg ass seng zweet Heemecht ginn an hien ass de Leit zu Lëtzebuerg, déi hien opgeholl a gutt empfaangen hunn, dofir ganz dankbar. Den Abdul huet och e Message fir aner jonk Leit: Schafft fir är Ziler a gitt ni op, well näischt ass onméiglech!

L’histoire d’Abdul Rahimi – Une “histoire de succès” inspirante

 

123 étudiants du LTEtt ont réussi l’examen de fin d’études secondaires en 2022 et ont reçu leur diplôme en juillet, dont Abdul Rahimi. Ce jeune homme n’est arrivé au Luxembourg qu’en 2016. En Afghanistan, il avait tout perdu à cause de la guerre. Son objectif était d’obtenir un bon diplôme, d’être indépendant et de se construire une nouvelle vie ici au Luxembourg afin qu’il puisse à nouveau vivre normalement. Abdul Rahimi était prêt à travailler dur et voulait être un atout pour la société.

 

Au début c’était difficile, il se sentait seul, tout était nouveau. Mais le jeune homme motivé en était sûr : tout est possible ! Abdul a commencé dans une classe d’accueil où il a appris le français et en 2018, il a eu l’opportunité de s’inscrire à la section administrative et commerciale au LTEtt. C’est pourquoi il est même venu tous les jours du Sud du pays, communément appelé « Minett », à Ettelbrück. Pendant la pause de midi, il a également suivi des cours de rattrapage. Ses professeurs et ses camarades de classe l’ont beaucoup aidé, ce qui l’a énormément motivé. Abdul avait le sentiment d’être soutenu par son entourage et s’est également fait des amis ici. Le fait qu’il ne se sentait plus seul lui a donné de la force et l’a également motivé à ne pas abandonner.

 

Aujourd’hui, Abdul Rahimi est heureux d’avoir son diplôme de fin d’études secondaires, qui lui donne accès aux études universitaires ! Il a encore de nombreux projets et il s’est inscrit comme étudiant à l’Université du Luxembourg cet été pour y faire son master. Le Luxembourg est devenu sa deuxième maison et il est très reconnaissant envers les Luxembourgeois qui l’ont bien accueilli. Abdul a également un message pour les autres jeunes : travaillez pour vos objectifs et n’abandonnez jamais, car rien n’est impossible !

 

Skip to content