E gudde Start op 7e mat der Open School 2023 vum LTEtt!

1 Woch virum offizielle Schoulstart huet déi 2. Editioun vun der „Open School“ am LTEtt stattfonnt. Heibäi handelt et sech em eng Kooperatioun tëscht dem LTEtt an der Nordstadjugend. D’Woch soll de Schüler:innen, déi nei op 7e an de Lycée zu Ettelbréck kommen, d‘Méiglechkeet gi fir hir nei Matschüler:innen an hiren neie Lycée kennenzeléieren. Deemno soll dëse Projet hinnen d‘Rentrée an de Lycée erliichteren. Déi ganz Woch iwwer hu mir flott Aktivitéite gemaach, wéi Kloteren am Mariendall, Tandem fueren, Graffiti am Hariko a nach vill aner flott Saache hei um Schoulterrain. D‘Open School war ee vollen Erfolleg an d‘Schüler:innen hunn sech net nëmme gutt ameséiert, mee sinn och gutt virbereet an dat neit Schouljoer an der “grousser Schoul” gestart. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!

Skip to content