Sozialisatiounsdeeg 2022

Den 20. an 21. September 2022 hunn rëm eis Sozialisatiounsdeeg „Prett fir den LTETT“ stattfonnt.

Ënnert der Devise „Peer to peer“ hunn alleguerten 1 GSO-Schüler:inne flott Aktivitéite fir d‘Klasse vun der 7ième a 4ième organiséiert a sou 4 Stonnen d‘Gruppendynamik gestäerkt a fir Spill a Spaass gesuergt.

Eis nei Schüler:inne konnten doduerch hir Klass besser kenneléieren, éischt Kontakter knëppen an Informatiounen iwwert eis Schoul an den Oflaf vum Schoulalldag kréien.

Mir soen de 1GSO-Schüler:inne villmools Merci fir hiren Engagement a wënschen hinne weiderhi bonne Chance fir hirt lëscht Joer an eisem Gebai!

Skip to content