Teambuilding zu Lëlz

Ufank Oktober 2022 sinn all d’7ième-Schüler:innen aus dem LTEtt op Lëlz op d’Base Nautique gaange fir d’Klasseklima an d’Gruppendynamik an der Klass ze fërderen.

Mat verschidde flotten Aktivitéite wéi Kayak, Kanu, Mountainbike, Klammen a Geocaching hunn sech Klassen ee schéinen Dag um Stauséi gemaach.

Duerch dës Aktivitéiten, bei deenen Enseignanten an de SePAS matgaange sinn, sollen d’Schüler:innen sech besser ënnerteneen an och hier Begleetpersoune kenneléieren.

Skip to content