Vill Asaz um traditionelle Crosslaf vun der LASEL, dem AXXES CROSS!

Den LTEtt war den 13.10.2022 mat enger ganzer Ekipp op den traditionelle Crosslaf vun der LASEL, den AXXES CROSS, deen dës Kéier op der Kockelscheier war. Mir hate Leefer a Leeferinnen a bal all Kategorie derbäi. Trotz permanentem Reen hunn si alles ginn.

Besonnesch gratuléiere mir dem VAZ BARROS DANIELA vun der 6G1. Hat ass als éischt Leeferin, bei de FILLES CADETTES op 1900m, iwwert d’Zil komm. Mat enger Zäit vun 8’11,23″ huet hat kloer viru  senge 47 Konkurrentinne gewonnen. BRAVO!

Skip to content