14 Schüler a Schülerinne vum S-Team kruten e Certificat.

Leschten Dënschden, den 18. Oktober, waren e puer vun eise Schüler:innen aus dem S-Team stellvertriedend op der “Remise des Certificats” am Forum Geesseknäppchen. 14 Schüler a Schülerinne aus dem LTEtt kruten en Certificat fir hir Formatioun „Module de base S-Team“ vu 16 Stonnen. Nieft der Schoul hunn si sech engagéiert a ware mat vill Motivatioun an Asaz derbäi!

Mir sinn houfreg op eis S-Team-Schüler:innen a felicitéieren hinne ganz häerzlech zu hirer Leeschtung!

Skip to content