Workshop am LTEtt mam Radio Ara

Am Kader vun der Woch vun der Demokratie huet eis 3GSO2 um Workshop vum Radio Ara deelgeholl. 

D’Schülerinnen a Schüler hunn am theoreteschen Deel geléiert, wéi d’Medielandschaft zu Lëtzebuerg ausgesäit a wéi en een Interview virbereet. 

Am prakteschen Deel missten d’Schüler*innen dunn hiert Wëssen um Feld ëmsetzen.

Ziel war et eng kleng Emissioun zum Thema Demokratie ze entwerfe mat de gefouerten Interviews, zousätzlechen Erklärungen an enger professioneller Moderatioun.

De Podcast kann en ab elo online nolauschteren ënnert dem folgende Link: https://www.ara.lu/graffiti-talks/episodes/woch-vun-der-demokratie-am-ltett/

Mir wënschen Iech eng bonne écoute!

Skip to content