Den LTEtt huet en neie Schülercomité!

Vum 24. bis den 28. Oktober 2022 hunn am LTETT am Kader vun der Woch vun der Demokratie d‘Wale fir de Schülercomité stattfonnt. D‘Schüler*Inne sinn déi ganz Woch iwwer fläisseg an eise Festsall wiele gaangen, wou Walkabinnen an eng Walurn op si gewaart hunn.

Op dësem Wee hu mir hinnen d‘Méiglechkeet gi fir de Prozess vun enger demokratescher Wal ze erliewen an d‘Membere vum Schülercomité ze wielen. Freides sinn d‘Stëmmen ausgezielt an den neie Comité virgestallt ginn.

Skip to content