D'2GSO3 war zu Besuch beim Staatsrot.

D‘Schüler*inne vun der 2GSO3 si kierzlech fir eng Visitt vum Staatsrot an dem Geriicht an der Stad gewiescht. Si si vun der Madamm Deidre Du Bois, Member vum Staatsrot empfaang ginn. Bei engem Tour duerch d’Gebai kruten si interessant Informatiounen zur Geschicht, der Zesummesetzung an dem Fonctionnement vu dëser Institutioun. D’Schüler*innen hunn ee Bléck an d’Versammlungsraim vun de Kommissiounen an an de grousse Sëtzungssall werfen duerfen.

Duerno ass d’Klass op d’Geriicht gaang wou si Erklärunge krut zu de Sëtzungssäll, der Roll vu Riichteren, Affekoten an dem Parquet, de Rechter a Flichte vun Ugekloten an dem Oflaf vun engem Prozess. D’Klass huet un enger Sëtzung deelgeholl wou penal Affären op der Dagesuerdnung stoungen an d’Schüler*inne kruten sou een aussergewéinlechen Abléck an d’Aarbecht um Geriicht.

Skip to content