Flott Wanderausstellung zu Ettelbréck!

Am Kader vun der Optioun „Histoire du Luxembourg“ ware Schüler:inne von der 5GIF3 d’Wanderausstellung „Our common Heritage“ zu Ettelbréck kucken. Déi Ausstellung handelt iwwer Lëtzebuerg an de Jore vu virum 1te Weltkrich bis nom 2te Weltkrich, dat ganzt opgedeelt op 5 Zäitzonen. D’Schüler:innen hunn sech zu 2 an 2 jeeweils mat enger Zäitzon befaasst an hunn e klenge Rapport geschriwwen, deen si dono der Klass präsentéiert hunn.

D’Ausstellung huet eis gutt gefall mat all de Fotoen a Plakater aus der Zäit an et fënnt een och pedagogescht Material dozou um Internet op dësem Site.

 

Skip to content