Den LTEtt gewënnt gläich zwee Präisser!

De Fonds Nova Naturstroum zeechent all Joer Projeten zu Lëtzebuerg aus, déi innovativ, multiplikativ oder didaktesch sinn an d’Promotioun vun den erneierbaren Energiequellen an déi nohalteg Entwécklung fërderen. Och Initiativen am Beräich Bildung zur Nohaltegkeet gi belount. Sou krut eise Lycée dëst Joer direkt zwou Primmen, eng Kéier fir  de Montage vu Solarmoduler op eiser Schwämm an eng Kéier fir den Dossier Wandmillen. Iwwerreecht goufen d’Präisser vum Minister fir Energie a Landesplanung, dem Här  Claude Turmes.

Skip to content