D'Bakstuff iwwerzeecht de Jury!

Op der 15. Editioun vun der berüümter Foire des Entreprises d’entraînement um Geesseknäppchen hunn d’Schüler vun der 2TPCM1 gëschter am Déngscht vun der Bakstuff de Präis vun der beschter Präsentatioun gewonnen. Dat ass hinnen awer net duer gaangen a si hunn et och nach an den Top 3 vun den 21 presenten Übungsentreprisë gepackt.

Et gouf vill a seriö geschafft, mee u gudder Laun (an engem vegane Maufel) huet et awer net dierfe feelen.

Skip to content