Wéi gëtt um Geriicht geschafft?

De 7. Dezember huet d‘3GSO3 d’Cité judiciaire besicht, fir um Workshop „YOUstice“, dee vum ZpB (Zentrum fir politesch Bildung) organiséiert gouf, deelzehuelen. D’Schüler*inne kruten d’Chance fir gläich zwee spannend Geriichtsprozesser mat eegenen An matzeverfollegen. Nom Prozess kruten d’Schüler*innen dunn och direkt d’Geleeënheet fir hier Froen engem Procureur an dem Pressespriecher vum Geriicht ze stellen. No dësen Ablécker an d’Justiz missten d’Schüler*innen an engem Rollespill, dat a Gruppenaarbechte virbereet gouf, selwer an d’Roll vun engem Affekot, Zeien, Riichter an dem Procureur schlüpfen an e Geriichtsprozess an engem richtege Geriichtssall nospillen.

Skip to content