Visitt mat enger Iwwerraschung!

Eisen Ausflug ass well direkt mat engem Highlight ugaangen. Bei der Place Clairefontaine war alles ofgeséchert, well héije Besuch erwaart gouf: De Premier an de Premier aus dem Vietnam. Dëst wollte mir eis dunn net laanscht d’Nues goe loossen. D’Schüler konnten alles aus der 1. Rei beobachten: D’Limousinnen, d’Bodyguards, d’Police, d’Militärmusek (och fir eis Opori eng wäertvoll Begéinung) an dunn koum de Xavier Bettel bei si an huet mat hinne geschwat. D’Schüler ware begeeschtert!

Dono am Musée waren si op enger richteger Entdeckungsrees an hunn ee Punkt nom anere vum Rondgang gesicht. Mir si vum Melusina iwwert d’Maquettë vun der Stad Lëtzebuerg iwwert Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich bis hin zu der Europäescher Unioun an de Mënschen zu Lëtzebuerg, wéi se haut do liewen, duerch déi wonnerbar Ausstellung gaangen.

Den Haaptpunkt fir eis war awer d’Industrialiséierung zu Lëtzebuerg. Vill Produite waren ausgestallt, déi zu Lëtzebuerg hiergestallt goufen an och e klenge Filmche mat flotte Biller vun deemools huet dat Ganzt méi no bruecht.

Zum Schluss ware mir nach op d’Panoramaterrass. Mir all hunn deen Dag vill Flottes, Intressantes a Léierräiches gesinn an erlieft.

Skip to content