Atelier pédagogique am MNHM:

D’Schüler*inne vun der 2GSO3 si kierzlech fir eng Visitt vum Musée National d’Histoire Militaire zu Dikrich gewiescht. Bei engem Rondgang duerch de Musée kruten si vum Här Philippe Victor interessant Erklärungen zu nogestallten Zeenen an Objeten aus dem Krich. D’Schüler*innen si gewuer gi wéi de Krichsalldag ausgesinn huet a wéi eng Roll d’USA bei der Befreiung vu Lëtzebuerg gespillt hunn. 

No der Visitt hat d’Klass d’Geleeënheet, d’Box “50 faces – 50 stories” z’entdecken. Mat Hëllef vun ausgewielte Biografië vu Lëtzebuerger*innen, déi de Krich erlieft hunn, krut d’Klass een Abléck an aussergewéinlech Eenzelschicksaler. Theme wéi Besatzung, Widderstand, Kollaboratioun oder Juddeverfolgung ginn hei aus der lëtzebuergescher Perspektiv präsentéiert. Dës Approche fir sech mat e puer prägnante Gesiichter vun den insgesamt 50 Fichen aus der Box auserneenzesetzen, huet de Schüler*innen erlaabt, un de Liewensgeschichte vun eenzele Lëtzebuerger*innen deelzehuelen a sou en aneren Zougang zu den Evenementer vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg ze kréien.

Skip to content