Eng flott Traditioun, de Wantermaart am LTETT, war dëst Joer rëm ee vollen Erfolleg!

Dëst Joer hunn sech 37 Klassen a Gruppe fir eise Wantermaart ugemellt an et gouf, wéi all Joers, gutt Moolzechten, Schneekegkeeten a flott Deko verkaaft.

Encadréiert gouf dëst Evenement an der Mëttesstonn duerch eis LTETT-Band, déi fir eng besënnlech Stëmmung gesuergt huet.

En Deel vun de Suen, déi d’Schüler gesammelt hunn, gëtt un d‘ALAN a.s.b.l gespent. Dëst ass eng Organisatioun, déi Léit mat enger rarer Krankheet ënnerstëtzt.

Mir soe jidderengem Merci, den deelgeholl a matgehollef huet!

Skip to content