Visite culturelle - "Emma K":

D’7P1 an d’7P2 sinn den 11. Januar an d’Mierscher Kulturhaus d’Theaterstéck “Emma K” kucke gaangen. D’Geschicht ass inspiréiert vum Franz Kafka sengem Roman “Der Prozess”. Dëst Stéck ass eng Fabel iwwert de fräie Wëllen an d’Hannerfroe vu Fakten, déi scheinbar onuntaaschtbar sinn. Zum Schluss ass näischt ewéi et schéngt! D’Emma huet et sengem staarke Wëllen ze verdanken, dass hatt mat der Erfarung gewuess ass an entdeckt wat Fräiheet ass.

Skip to content